Club Senior Nordstad

Schieren

Fir d’alleréischt géif ech mol gäre vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir der A.S.B.L. Club Senior Nordstad fir hirt 20jähregt Bestoen ze gratuléieren.

Wann och iwwer d’Joeren hin den Numm, d’Ofkommes wéi och d’Raimlechkeete geännert hunn, sou ass de „public cible“ dee selwechte bliwwen: déi manner Jonk vun haut. A grad déi Jonk vu gëscht hunn et verdéngt, dass fir deen néidegen Kader gesuergt get.

Dofir ass et och mol un der Zäit, fir de Leit aus dem Comité e grousst Luef auszespriechen, sinn et dach si, déi sech op fräiwelleger Basis hierginn, fir deene Leit iwwer 50 aus der Regioun vun der Nordstad en attraktiven an ofwiesslungsräiche Programm unzebidden. Wann een dann och nach weess, dass verschiddener vun hinnen zu de Grënnungsmemberen zielen, da kann een nëmmen den Hutt virun hinnen zéien.

De sozialen Zesummenhank kann nëmme garantéiert ginn, wa jidderee sech aktiv um Gesellschaftsliewen bedeelegt, ob jonk oder al, jiddereen soll a muss seng Verantwortung kënnen iwwerhuelen, a keen duerf ausgeschloss ginn. Mat 50 Joer huet een eng Liewenserfarung, déi op ganz ville Pläng onverzichtbar ass. Et gëtt och ganz vill Beispiller an eiser Gesellschaft, dass eng Persoun iwwer 50 nach laang net „zum alen Eisen“ gehéiert, fräi nom Motto vum Club „vital an aktiv 50+“. Et sinn dat Leit déi hiert d’Liewe selwer wëlle gestallten an nach net ob d’Offer vun deene verschiddenen Organisatioune wëllen zréckgräifen.

Et duerf een awer och net ignoréieren, dass verschidde Leit am Alter net méi grad esou gudd drop sinn, sief et um gesondheetlechen oder moralesche Plang. Wann dann nach dobäi kennt, dass grad déi Leit aus der enger oder anerer Ursaach eleng mussen duerch d’Liewe goen, dann ass et wichteg dass eng Institutioun wéi de Club Senior hir Déngschter ubidd.

Am Club Senior Nordstad kréien all déi interesséiert Matbierger aus deene 6 Membergemengen d’Méiglechkeet, u kreativen, kulturellen a sportlechen Aktivitéiten deelzehuelen an esou de Kontakt mat der Aktualitéit an de Matbierger ze erhalen.

Hoffentlech profitéieren an Zukunft nach méi Leit vun deem interessanten Aktivitéitsprogramm vum Club. Ech wënschen alle Bedeelegten eng ofwiesslungsräich Zäit mat ville flotte Momenter.

Schmitz Marc
Buergermeeschter Gemeng Schieren