Club Senior Nordstad

Feulen

50 plus zesummen mat 50 minus
Am Leben Teilnehmen
Am Alter Liewen


D’Liewenserwaardung vun eis alleguer ass an deenen leschten Joeren konstant an d’Lut gaangen. Eis Gesellschaft huet eng nei Altersstruktur kritt. Dëse grousse Changement ass eng Erausfuerderung, déi nëmmen am Mateneen vun de Generatiounen bewältigt ka ginn. Duerfir brauche mir d’Partizipatioun an d’Matbestëmmung vun deenen, déi méi al sinn an al ginn. Mir brauchen duerfir och professionnel Strukturen wéi de Club Senior Hiirzebierg mat éierenamtlechem Engagement vu Benevolen, een immenst sozialt Kapital, dat hëlleft d’Allgemengwuel ze verbesseren an d’Gesellschaft positiv ze veränneren.
Wat bedeit dat, méi al ze ginn? Musse mir op villes verzichten? Mir hunn eng Rei Fähegkeeten, déi eis an deenen jonken Joeren wichteg waren, verluer an eis een aneren Liewesrythmus zougeluegt. De Brëll huet op eiser Nues Plaz geholl, mir héieren d’Mais net méi um Speicher, mir kënnen d’Muskelen net méi sou spillen loossen an d’Rendezvous’en beim Dokter hunn eng fest Plaz an eisem Terminkalenner. Et kënnt lo drop un, d’Liewen ze liewen an dat Erreechten ze genéissen, getrei dem Sproch: Nicht nur dem Leben Jahre geben, sondern den Jahren Leben geben. Eppes musse mir eis alleguer bewosst sinn: Liewensqualitéit am Alter ass an éischter Linn vu kierperlicher a geeschteger Gesondheet ofhängeg. Dës Fitness kritt een net geschenkt. Et muss een eppes duerfir maachen: Bewegung, Sport, Gesellegkeet, Reesen, bewosst liewen, sech kulturell beräicheren, kreativ engagéieren. Aktiv sinn an aktiv bleiwen ass dat beschten Rezept fir Angscht an Depressiounen ofzebauen a Selbstvertrauen ze gewannen.
Am Club Senior Hiirzebierg ginn e sëllechen Aktivitéiten ugebueden. Dës weitgefächert Offer léisst sech weisen an ass au choix vun de Leit. Dat heescht jiddereen as wëllkomm, egal wéi een Alter a wéi eng Intressen een huet, egal ob 50plus oder 50minus. Eng Regioun brauch sou Strukturen, hei begéinen sech Leit, déi an der Jugend an Nopeschgemengen zesummen opgewues, an der aktiver Zeit berufflech zesummen deen selwechten Wee gaangen sinn, déi selwecht Hobbien ausgeübt hunn. Hei gëtt ee Stëck Nordstad gelieft. Do wou ee wunnt, wou ee schafft oder geschafft huet, do wou ee Leit iwwert Grenz vu senger Gemeng raus kennt, kann een a sympathescher a flotter Atmosphär schéi gemeinsam Stonnen mateneen verbréngen. Den Aktivitéitsprogramm 50+ vum Club Senior Hiirzebierg bitt Aktivitéiten un, wou reell Wäerter wéi Mënschlichkeet, Léift, Éierlechkeet a Vertrauen vermëttelt ginn. Hei kann een op eng agreabel Manéier al ginn.

Duerfir zéckt net a kommt och mol eng Kéier kucken. Et as och eppes fir Iech derbäi.

Ech wënschen allen Aktiven flott a frou Stonnen an eisem Club Senior Hiirzebierg!

Fernand ETGEN
De Feelener Buergermeeschter


 

www.feulen.lu