Begrüssung J.P. Schaaf
Et gëtt fir alles eng Zäit am Liewen.
Léiw Lieser,Et gëtt fir alles eng Zäit am Liewen. Eng Kannerzäit, eng fir di jugendlech Orientéierungssich, eng fir ze studéieren, eng Zäit fir eng Famill ze grënnen a Kanner ze erzéien, eng Zäit fir di berufflech Carrière a fir di finanziell Sécherung vum perséinlechen Liewen.An et gëtt och eng Zäit, do kann a soll een sech e bëssen Zäit huelen. Fir Neies ze probéieren, fir mat aneren zesummen ze kommen, fir Ausflich, Sport, Kultur a Konscht.Huelt iech déi Zäit fir der Routine ze entfléien an fir nei Erfahrungen ze machen. Am Liewen hutt dir esou vill fir di aner gemaach, et ass wichteg a richteg och mol eppes ganz fir iech ze machen.De Club Senior ass äer Ariichtung, déi als Ergänzung vun eisen Veräiner oder der Amiperas, fir Iech do ass. Déi Broschür déi dir an der Hand halt soll iech Loscht machen an iech di eng oder aner Iddi ginn, iech virwëtzeg machen an Mudd machen fir sech anzeschreiwen.De Club Senior ass eng eegestänneg Institutioun, ënnerstëtzt vum Familljeministère an de 6 Trägergemengen. De Club kann flexibel ob äer Wënsch agoen an nei Iddien an de Programm huelen. Profitéiert vum interessanten Angebot. Di motivéiert Équipe ronderëm d’Barara Wiesen freet sech ob ären Besuch.Ech wënschen iech, dass dir Zäit fannt fir un de flotten, gesellegen Aktivitéiten deelzehuelen, an net zéckt iech zu den villen Besucher vum Club Senior dobäi ze gesellen.
Jean-Paul Schaaf
Buergemeeschter vun Ettelbréck



