Endlich dat mache kënnen wourfir mir nie genug Zäit haten.
An eisem aktiven Beruffsliewen hate mir vill Verpfichtungen a wären ëmmer un Terminer gebonnen.
Owes nom Stress vum Alldag hu mir munch Fräizäitpläng op spéider misse verléeën.
Doduerch hu mir dann op vill schéi Momenter déi d’Gesellschaft ubid, missen verzichten.
Wuel hate mir alleguer eis Hobbyen am Sport, an der Kultur, an der Natur asw.; an der Famill hu mir äis engagéiert fir eise Kanner hir Bildung ze begleden an hir Hobbyen mat ze erliewen.
Wéi mir jonk wären, hate mir kée Geld fir verschidden Wënsch ze erfëllen, wéi mir Geld haten wär nit méi genug Zäit op eisem Terminkalenner.
Lo ass Schluss mat all dem Stress a mir versichen äis selwer an de Mëttelpunkt vum Liewen ze setzen.
Et ass nie ze spéit fir äis nei ze entdécken an nei Horizonter ze gesinn.
De Club Senior Hierzebierg ass déi Organisatioun an a ronderem d’Nordstad der hiert Ziel et ass fir ze hëllefen den Awunner (innen) iwer 50 Joer hier Liewensqualitéit ze verbesseren.
Mat der Ënnerstëtzung vun de Gemengen aus der Regioun gëtt e räichhaltigen a sozialgerechten Aktivtéitsprogram ugebueden.
Am Numm vun der Gemeng Ierpeldeng meng Félicitatiounen un déi Verantwortlich vum Club Senior fir déi perfekt Gestioun vum Club Senior, sie brengen et ëmmer rem fäerdeg fir nei an attraktif Projéeën auszeschaffen.
Ech wënschen allen Bedeeligten vill Freed a glécklech Stonnen an de Reimlechkeeten vun Angelduerf, Bierden an Ierpeldeng souwéi bei eisen Nopeschgemengen.
Dahm Francis
Buergermeeschter Gemeng Ierpeldeng
www.erpeldange.lu
