2008 ass d’ Europäescht Joer vum interkulturellem Dialog:
D’Kultur vermëttelt universell Wäerter.
An der Konscht, der Literatur, der Traditioun, der Musék an dem Sport kann ee ganz vill entdecken, wat iwwerall d’selwecht ass. Ee kann sech bei dem aneren beräicheren, e Stéck vun der eegener Kultur ubidden, e Stéck vun dem anere senger Kultur a sech eraloossen !
D’Sprooch ass d’Haaptmëttel, dat et dem Mensch erlaabt, fir mat dem aneren ze kommunizéieren. Iwerall wou Mënsche sech begréissen, heescht et Brécke bauen, an dat vun zwou Säiten erbäi, fir sech dann an der Mëtt kënnen als gläichwäertig Partner ze treffen.
De Club Senior Nordstad ass am Moment Member an engem europäeschem Austauschprojet an am Gang mat Iech zesummen esou nei interessant Weeër ze goen an deementspriechend Offeren ze maachen.
Doriwwer eraus offréiert de Club Senior Nordstad Iech ee breetgefächerte Programm vun Aktivitéiten mam Objectif:
Sech engagéieren, Erhalen an Entwécklen vu sengen physeschen an psycheschen Kompetenzen
Aktiv sech bedeelechen um sozialen-a kulturelle Liewen
Verantwortung droen
Fräizäitaktivitéiten mat aneren Leit deelen
Albert Back
Bourgmestre Commune de Bettendorf